Händler

Op der Sich no engem ganz besonneschen Exemplaire…

E Paradäis fir Sammler

De

ganze Weekend iwwer presentéieren d’Händler aus der ganzer Groussregioun de Visiteuren eng breet Palett u BDen an aneren Artikelen am Zesummenhang mat der „9. Konscht“.

Op iwwer 70 verschiddene Stänn an de Stroosse vu Conter kënne Sammler déi rar Pärel, déi si scho laang sichen, fannen an Neophytte Comic-Legenden (nei) entdecken.

D'

Händler sinn a ganz Conter verdeelt.

Am groussen Zelt am Ausgank vum Duerf fannt Dir Händler, déi méi al Bänn verkafen.

An der aler Schoul am Zentrum vum Duerf ass de Büro vum BD-Festival, wou ee sech d’Affichë vum Festival ukucken an och kafe kann (dës kann ee sech ënnert der Rubrik Affichen ukucken).

Geet een a Richtung Sportshal, wou d’Auteuren ze fanne sinn, leeft ee laanscht weider Stänn vun Händler. Hei ginn och T-Shirten oder Comic-Helden als Spillsaach verkaaft.

Dir wëllt BDe verkafen?

Kontaktéiert eis op dëser Adress:

Commission Bande Dessinée de la Commune de Contern

c/o Jean-Claude Muller

4, Place de la Mairie L-5310 CONTERN

tél: +352 661 35 06 53

@: revendeurs@bdcontern.lu