Geschicht

De Festival an der Press >>>

Säit 1994

Den 1. BD-Festival an der Groussregioun

D’Initiativ, fir en internationale Comic-Festival zu Conter ze organiséieren, geet op den Daniel Grun zréck, dee 1994 d’Kulturkommissioun an de Buergermeeschter- a Schäfferot dovun iwwerzeege konnt, dëse Projet an d’Liewen ze ruffen.
D

en Ufank war schwéier – d’Organisatioun vun esou engem grousse Festival ass mat ganz vill Aarbecht verbonnen, mä dank dem Enthusiasmus an de Kompetenze vum Daniel Grun hu sech ronn Honnert Benevoller der Saach ugeschloss. Trotz de feelenden Erfahrungen an dësem Beräich ass et hinne gelongen, den éischte Comic-Festival vu Lëtzebuerg a vun der Groussregioun op d’Been ze stellen.

An haut…

Am

Laf vun de Joren ass de Festival ëmmer méi bekannt ginn. All Joer freeë mir eis, ëm déi fofzeg BD-Auteure begréissen ze kënnen. Eis Visiteuren hunn d’Geleeënheet, d’Wierker vun hire Liiblingsauteuren (nei) ze entdecken, déi an der Sportshal zu Conter verkaaft ginn. D’Comic-Fans waarde gedëlleg an der Schlaang, fir eng Widmung vun hirem Liiblingsauteur ze kréien.

Dobausse verkafen d’Händler niewent Wierker fir Sammler och BD-Kultgéigestänn wéi Figuren, Affichen oder signéiert Originalzeechnungen.

Während dem Weekend vum Festival ass d’Duerf fir de Verkéier gespaart, soudass eis Visiteuren duerch d’Stroosse schlenderen an d’geselleg Atmosphär, fir déi sech eis Benevollen a Veräiner vill Méi ginn, voll a ganz genéisse kënnen.

M

ir si stolz drop, dass den Internationale BD-Festival zu Conter haut och iwwert d’Grenzen eraus bekannt ass. Am Ausland gëllt Conter als „Duerf vun der Bande Dessinée“.

D’Zuel vun de Visiteure klëmmt vu Joer zu Joer. Dat motivéiert eis, eis dofir anzesetzen, de Festival a mat him Comics als „9. Konscht“ floréieren ze dinn.

Mir setzen alles drun, fir dass d’Visiteuren – ob Jonk oder Al, Sammler oder Amateur, Auteur oder Händler – voll a ganz vun dësem gesellege Weekend an engem Duerf net wäit vun der Stad Lëtzebuerg ewech profitéiere kënnen.

4 Pilieren…

Vun Ufank u fousst de Festival op 4 Pilieren. Si sinn och haut nach Garant fir de Succès vum Festival:

D’Auteuren

De Festival ëmfänkt national an international Comic-Auteuren, déi all Joer de Wee an d’Comic-Duerf vu Conter fannen, fir Comic-Amateure bei de Signéierstonnen hir nei Wierker ze presentéieren.

Eis Visiteure fannen d’Auteuren de ganze Weekend iwwer zu Conter an der fréierer Sportshal.

D’Händler

D’Händler vu BDen aus zweeter Hand kommen aus eisen Nopeschlänner a muncher si scho säit 1994 dobäi!

D’Visiteure fannen esou déi onverzichtbar Comics, déi hir Kandheet geprägt hunn, oder e Band, deen hinnen nach feelt. Ëm déi 80 Händler melle sech all Joer un, fir beim Festival dobäi ze sinn an hir Comic-Sammlungen ze presentéieren.

D’Veräiner

Och d’Veräiner an der Conter Gemeng maache beim Festival-Weekend mat. Si këmmere sech ëm Iessen a Gedrénks an droen esou dozou bäi, dass d’Comic-Fans a Famillen eng flott Zäit verbrénge kënnen

D’Animatioun

Niewent den Iessstänn suergen d’Associatiounen a Veräiner vu Conter an aus der Ëmgéigend och fir d’Animatioun am Duerf a plangen eng ganz Rëtsch Concerten.

Well de Festival och e Familljefest ass, gëtt et eng breet Offer un Aktivitéite fir Kanner an all Alter.