Praktesch Informatiounen

Festival

De Weekend vum 15.&16. Juli 2023 feiert den Internationale BD Festival zu Contern seng 29. Editioun.

De Festival leeft vun 10.00 bis 19.00 déi béid Deeg, mat Buchdedicase bis 18.00.

Entrée

Den Entrée fir de Festival ass 3 € pro Dag fir Erwuessener an den Entrée fir Kanner ënner 12 Joer ass gratis.

Den Entrée ass gratis fir Awunner aus de Gemenge Contern, Weiler-la-Tour, Schëtter, Hesper, Nidderaanwen, Schengen an Mondorf-les-Bains.

Ariichtungen

  • Hoteller:(visitluxembourg.com)
  • Catering wärend dem Dag vun eise lokale Veräiner a Restauranten an der Géigend.
  • Bezuelung/Bancomat am Duerf (15, rue de Moutfort).

Erreechbarkeet

Parkplazen si verfügbar a fir Besicher gezeechent.

Regele fir d’Signéierstonnen

Reegele fir Buchdedicasen:

DE    FR

Besicht eis Facebook Säit oder eisen Instagram Konto bdcontern fir um neiste Stand ze bleiwen.

Bis gläich!

Mam Auto

Aus Frankräich an der Belsch:

  • Autobunn A6 bis d’Stad Lëtzebuerg
  • Bleift op der Autobunn a fuert weider op der A1 a Richtung Tréier (Trier)
  • Huelt d’Sortie 9 a fuert weider op Conter

Aus Däitschland:

  • Autobunn A1 Trier – Luxemburg
  • Ausfahrt 9 Sandweiler

Fir op Conter ze kommen:

  • Autobunn A1 Sortie 7 Luxembourg-Gare/Sandweiler
  • Fuert am Rondpoint um Enn vun der Autobunn a Richtung Sandweiler
  • Fuert am 2. Rondpoint a Richtung Conter
  • Fuert de Schëlter no an no ca. 4 Kilometer sidd Dir um Zil.
  • D’Parkinge sinn um Bord vum Duerf. D’Navettë bréngen Iech bei d’Entrée vum Site.

Navette

E gratis Shuttlebus fiert Iech vun der Gare Sandweiler-Conter op de Festival zu Conter. De Shuttlebus fiert no dem Départ an der Arrivée vum Zuch op der Gare Sandweiler/Conter.

Bus / Zuch

Wann Dir den ëffentlechen Transport benotzt, kuckt d’Fuerplang an d’Linnen op mobilite.lu a gitt den Arrêt Sandweiler-Contern un.