Programm 2017

D’ganz Festival-Equipe freet sech drop, Iech ze ëmfänken.

D’Festival-Equipe huet och dëst Joer nees e Programm zesummegestallt, bei deem wierklech all d’Visiteuren op hir Käschte komme wäerten. De Festival ass gläichzäiteg och e Familljefest, bei deem Grouss a Kleng interessant Aktivitéite maachen an eng schéin Zäit zu Conter verbrénge kënnen. D’ganzt Duerf ass während dem Festival fir de Verkéier gespaart.

Wann Dir nach ëmmer net wësst, ob Dir komme sollt, da kuckt Iech einfach mol eise Programm fir de Weekend un!

Widmungen

Widmungen

Animatioun

Animatioun

Ausstellungen

Ausstellungen

Iessen a Gedrénks

Iessen a Gedrénks

Loscht op e Souvenir?

De Festival-Shop

De

Charel Bauer, Comic-Fan a vun Ufank u Member vum Komitee vum BD-Festival, këmmert sech ëm de Festival-Shop am Zelt vun den Händler niewent dem Informatiounsbüro.

D’Visiteure fannen hei:

  • d’al Affichë vum Festival
  • Postkaarte mat de Motiver vu fréieren Affichen
  • ee vun den Auteure signéierten Anniversaireskalenner (Kalenner, dee fir den 20. Anniversaire vum Festival entworf gouf)