Praktesch Informatiounen
Accessibilitéit
De Festival ass déi zwee Deeg vun 10 bis 19 Auer, d’Signéierstonne sinn um 18 Auer eriwwer.
Conter ass während dem Festival fir de Verkéier gespaart.
D’Parkplazen (um Bord vum Duerf) an d’Navette si gratis.

Mam Auto
Aus Frankräich an der Belsch:
- Autobunn A6 bis d’Stad Lëtzebuerg
- Bleift op der Autobunn a fuert weider op der A1 a Richtung Tréier (Trier)
- Huelt d’Sortie 9 a fuert weider op Conter
Aus Däitschland:
- Autobunn A1 Trier – Luxemburg
- Ausfahrt 9 Sandweiler
Fir op Conter ze kommen:
- Autobunn A1 Sortie 7 Luxembourg-Gare/Sandweiler
- Fuert am Rondpoint um Enn vun der Autobunn a Richtung Sandweiler
- Fuert am 2. Rondpoint a Richtung Conter
- Fuert de Schëlter no an no ca. 4 Kilometer sidd Dir um Zil.
- D’Parkinge sinn um Bord vum Duerf. D’Navettë bréngen Iech bei d’Entrée vum Site.
Navette
Eng gratis Navette bréngt Iech vun der Gare Sandweiler-Contern op de Festival zu Conter. D’Navette fiert jee no Depart an Arrivée vun den Zich op der Gare Sandweiler-Contern.
Bus / Zuch
Wann Dir den ëffentlechen Transport huelt, da kuckt d’Horairen an d’Linnen op mobilite.lu a gitt den Arrêt Sandweiler-Contern an.
