Widmungen

Trefft Är Liiblingsauteuren!

Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer

Liest hei d’Regele fir d’Signéierstonnen!

DE    FR

De
ganze Weekend iwwer sinn d’agelueden Auteure fir d’Visiteuren do a schreiwen eng Widmung an hir Comics während de Signéierstonnen an der aler Conter Sportshal (an dem neie Gemengebau hannert der Kierch – cf. Kaart).

D’Signéierstonne si samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer.

An eisem „Auteuren-Carré“ sinn all d’Auteuren, déi hir nei Wierker presentéieren. Dës kënnt Dir bei der Librairie Ernster kafen, déi säit dem Ufank vum Festival eise Sponsor ass. Falls Dir net widderstoe kënnt a méi Albume kaaft wéi geplangt, da gëtt et am Duerf, niewent dem Informatiounsbüro, och e Bankomat.

An der Hal fannt Dir och Auto-Editeuren, Verlagen (Idées+ asw.) a villverspriechend Nowuessauteuren.