Animatioun

Fir eis kleng Visiteuren

Fir béid Festivalsdeeg ass e vasten Animatiounsprogramm geplangt, fir d’Stroosse vu Conter ze beliewen

Musek

Samschdeg

  • 11:30 Auer: Izeger Heebléiser
  • 15:00 Auer: Fanfare Sandweiler

Sonndeg

  • 11:30 Auer: Concert-Aperitif Harmonie Moutfort-Medingen
  • 13:00 Auer, 14:00 Auer, 15:15 Auer: The Humphreys
  • Uergelconcert an der Conter Kierch

De ganze Weekend

  • Musikalesch Ënnerhalung op verschiddene Plaze mat der Dréiuergel
  • 14:00 Auer a 16:00 Auer: Biermann-Uergel-Concert an der Conter Kierch (Dauer: 45 Min.)

Animatioun op verschiddene Plazen

  • Programm vum Stelzentheater CIRCOLO mat folgende Figuren: Draach an Dompteur (Duo) an „Ringelschlingel“ (Solo)
  • Samschdeg a Sonndeg vun 13:30 bis 17:00 Auer: Eliens Show, Risen-Clown – Modellage vu Loftballonen
  • Outpost 501 Garrison
  • Samschdeg um 15:00 Auer, Sonndeg um 14:00 Auer: Aktioune vun de Clownen „Zappi a Max“ an de Stroosse vu Conter

2 Sprangschlässer

Facepainting (gratis)

Kreativen Atelier

Kreatioun vun engem Comic um iPad mat Beesecure (Service National de la Jeunesse, SNJ) (gratis)

Molatelier

Concours Kids Pass

D’Kanner kënne bei engem Concours matmaachen, andeems si op verschiddene Plaze vum Festival Stempele sammelen. Wann d’Heft voll ass, kënne si et an de Behälter geheien, dee fir dësen Zweck virgesinn ass. Zweemol am Dag ginn d’glécklech Gewënner gezunn.

Buttons-Atelier

D’Kënschtlerin Muriel Moritz, déi zu Conter wunnt, leet e Workshop fir d’Kanner, déi um Concours deelhuelen, bei deem si hiren eegene Button bastelen an hir Kreativitéit ënner Beweis stelle kënnen!